Futtball-WM-Qualifikatioun bei den DammenSchwéier Géigner fir d'Lëtzebuergerinnen am Grupp D

Franky Hippert
E Freideg war d'Auslousung vun de Gruppe fir d'Qualifikatioun vun der Futtball-Weltmeeschterschaft bei den Dammen.
© RTL Archivbild

FLF-Dammen an der WM-Qualifikatioun / vum Franky Hippert

Fir hir Premiere sinn d’Lëtzebuerger Futtball-Dammen an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun an e richteg schwéiere Grupp komm. D’FLF-Formatioun vum Nationaltrainer Dan Santos kritt et mat England, Éisträich, Nordirland, Nordmazedonien a Lettland ze dinn.

Et ass déi éischte Kéier, datt d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp vun den Damme vun der Federatioun fir eng Qualifikatioun ugemellt gouf. Mat England kréien d’Rout Léiwinnen direkt e sauere Géigner. D’Spillerinnen aus dem Mammeland vum Futtball ware viru 6 Joer Drëtt op der Weltmeeschterschaft a goufen 1984 an 2009 Vizeeuropameeschter. Den FLF-Nationaltrainer Dan Santos ass sech bewosst, wat do op seng Ekipp duerkënnt:

Géint England ze spillen, ass eng grouss Éier. Et gëtt e grousst Erliefnis fir eis alleguer. Mir wäerten do vill léieren, och wann et schwéier gëtt.”

Ma och déi aner Géigner am Grupp D hunn et a sech:

Éisträich an Nordirland si ganz gutt Ekippen, all Géigner ass ëmmer Favorit géint eis.”

Fir den Dan Santos a seng Spillerinnen ass kloer, datt dës Campagne emol do ass, fir Erfarung ze sammelen:

All Match, all Minutt fir déi nächst Joer. Ech weess, datt gesot gëtt, Lettland an Nordmazedounien do ass eppes ze maachen. Mir setzen eis awer lo nach keng Punkten als Zil.”

D’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2023 an Australien an an Neiséiland, fänkt am September un an dauert bis dat Joer drop am September.

Back to Top
CIM LOGO