FolaSébastien Grandjean verlängert Trainer-Kontrakt ëm 1 Joer

RTL Lëtzebuerg
D'Fola hat e Freideg op eng Pressekonferenz invitéiert. Den technesche Staff fir d'nächst Saison gouf presentéiert.
© Serge Olmo

Den Haaptpunkt ass, datt den Trainer Sébastien Grandjean fir ee Joer confirméiert gouf. Donieft kënnt en neie Videoanalyst dobäi. Et ass de Lionel Zanini, dee scho mam Trainer op der Jeunesse zesummegeschafft huet. Am Fussball heescht dem Zanini seng Roll T3. Soss gëtt op personellem Plang op Kontinuitéit gesat.

Punkto Kader huet d’Fola nach keng Changementer annoncéiert. D’Doyenne vum Lëtzebuerger Fussball weess, datt seng jonk Spiller vill gefrot sinn.

© Serge Olmo

Back to Top
CIM LOGO