
A Moldawien huet Sheriff Tiraspol mam Sébastien Thill e Sonndeg d’Victoire an der Coupe verpasst. Am Match géint Sfintul Gheorghe stoung et no 90 Minutten 0:0 a well och an der Verlängerung kenger Ekipp e Gol gelongen ass, ass d’Decisioun um Enn am Eelefmeterschéisse gefall. Nodeems déi éischt zwee Spiller vu Sheriff verschoss haten, huet den Thill getraff an op 1:1 gesat. Et sollt awer net méi duergoe fir Tiraspol. Um Enn huet de Champion mat 2:3 de Kierzere gezunn.
An der MLS an den USA huet New York City FC mam Maxime Chanot an der Nuecht op e Sonndeg eng Victoire gefeiert. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller huet an Ënnerzuel mat 2:1 beim Los Angeles FC gewonnen. De Chanot gouf an der 66. Minutt ausgewiesselt. An der Eastern Conference vun der nordamerikanescher Profiliga läit New York City op der drëtter Plaz.
An der Finall vum Saarlandpokal huet den 1. FC Saarbrécken mat 0:1 géint Elversberg verluer. De Maurice Deville gouf beim Stand vun 0:0 an der 64. Minutt agewiesselt. Duerch d’Victoire ass Elversberg déi nächst Saison am DFB Pokal dobäi.