
Et muss ee präziséieren, datt d’US-Ekipp net déi bescht US-Spiller a senge Reien hat, well déi meescht Stare sech fir d’US-Championnat wollte schounen an nawell ware si zanter 58 Matcher ongeschloen.
Trotzdeem huet Frankräich gewonnen a spillt an der Halleffinall elo géint Argentinien, déi en Dënschdeg iwwerraschend géint Serbien gewonnen haten.
An der anerer Halleffinall sti sech Spuenien an Australien géigeniwwer. Béid Partië ginn e Freideg gespillt.