
Et géif Momenter am Liewe ginn, bei deenen ee sech entscheede misst, an eng aner Richtung ze goen, huet d’US-Amerikanerin ënnert enger Foto, déi si op Instagram verëffentlecht huet, geschriwwen. Op dëser Foto gesäit een d’Zäitschrëft Vogue, wou um Cover d’Tennisspillerin ze gesinn ass. Weider heescht et ënnert der Foto, datt d’Williams ëmmer nach Loscht hätt, Tennis ze spillen, mä datt hire Countdown ugefaangen hätt ofzelafen.
Wéini d’Serena Williams ophale wäert, steet nach an de Stären. Si géif sech awer op déi nächst Woche freeën a sech op hir Roll als Mamm konzentréieren.