
Am Eenzel bei den Damme konnt sech e Mëttwochowend Wang Xiyu géint d’Favoritin Maria Sakkari duerchsetzen. Déi 21 Joer al Chineesin setzt sech an 3 Sätz (3:6, 7:5, 7:5) géint d’Griichin duerch a steet domadder an der nächster Ronn vun de US Open. Fir d’Maria Sakkari, déi am Joer 2021 ëmmerhin d’Halleffinalle vun den US Open areeche konnt an op der drëtter Plaz vun der Weltranglëscht steet, ass den Turnéier deemno schonn eriwwer.
Fir eng weider Iwwerraschung huet iwwerdeems d’Serena Williams gesuergt. An engem spannenden a serréierte Match kann d’US-Amerikanerin sech no 3 Sätz mat 7:6 (7:4), 2:6 a 6:2 géint d’Nummer Zwee vun der Weltranglëscht Anett Kontaveit aus Estland duerchsetzen. Fir d’Serena Williams ginn d’US Open, wat jo bekanntlech de leschten Turnéier vun der Amerikanerin ass, nach weider. Dem Anett Kontaveit schéngen d’US Open iwwerdeems net ze leien. An hirer ganzer Karriär ass si hei bis ewell just zwee Mol an d’Aachtelsfinall komm. Duerno war den Turnéier fir d’Estin ëmmer eriwwer.
Bei den Hären huet den 20 Joer ale Britt Jack Draper fir eng Iwwerraschung gesuergt. Dëst andeems hien de Kanadier Félix Auger-Aliassime no dräi Sätz mat 6:4, 6:4, 6:4 eliminéiere konnt. D’Freed war dem jonke Mann vun der Insel nom Match ofzegesinn: