OffiziellSergio Ramos wiesselt bei de PSG

RTL Lëtzebuerg
Laang gouf driwwer spekuléiert, elo ass et offiziell. De Sergio Ramos deet vun der nächster Saison un den Trikot vum PSG un.
© AFP

De 35 Joer ale Spuenier ënnerschreift e Kontrakt bis 2023. 15 Milliounen Euro Netto soll de fréieren Defenseur vum Real Madrid elo an der franséischer Haaptstad verdéngen. Och d’Nummer 4 dréit hien déi nächst Saison um Réck, déi den däitschen Thilo Kehrer huet missen ofginn.

Bei Paris Saint-Germain spillt de Ramos elo nees mat ale Bekannten zesummen, wéi zum Beispill Keylor Navas, Angel Di Maria oder Achraf Hakimi, déi an der Zäit och fir déi Kinneklech gespillt hunn. Real Madrid hat jo decidéiert, de Kontrakt mam Sergio Ramos, deen den 30. Juni 2021 ausgelaf ass, net méi ze verlängeren.

Back to Top
CIM LOGO