No 16 Joer bei RealSergio Ramos wiesselt bei Paris St. Germain
An der franséischer Haaptstad wäert den Defenseur e Kontrakt iwwer 2 Joer ënnerschreiwen. Dem Ramos säi Brudder a Beroder kläert nach déi lescht Detailer.
De Sergio Ramos war 2005 vu Sevilla bei déi Kinneklech gewiesselt an huet mat Real Madrid 22 Titele gewonnen. Virun zwou Woche war dem Ramos säi Vertrag an der spuenescher Haaptstad dunn op en Enn gaangen.