Europa-League-PlayoffsSheriff Tiraspol géint Braga a Barcelona géint Neapel

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg de Mëtteg goufen d'Playoffs vun der Europa League ausgeloust. D'Gewënner treffen an den Aachtelsfinallen op déi 1. Placéiert aus der Gruppephas.

D’Partien am Iwwerbléck

Sevilla FC - Dinamo Zagreb

Atalanta Bergamo - Olympiacos Piräus

RB Leipzig - Real Sociedad

FC Barcelona - SSC Neapel

Zenit St. Petersburg - Real Betis Sevilla

Borussia Dortmund - Glasgow Rangers

Sheriff Tiraspol - SC Braga

FC Porto - Lazio Roum

Scho qualifizéiert fir d’Aachtelsfinalle si Roter Stern Belgrad, Eintracht Frankfurt, Galatasaray Istanbul, Bayer Leverkusen, Olympique Lyon, AS Monac, Spartak Moskau a West Ham United.

D’Allersmatcher vun de Playoffs ginn de 17. Februar gespillt, de Retour ass eng Woch méi spéit.

Back to Top
CIM LOGO