Virschau Champions-League-FinallShowdown tëschent Manchester City an Chelsea

Tim Hensgen
No 50 Joer treffen déi zwou Ekippen erëm an enger europäescher Competitioun openeen.
Virschau Champions-League-Finall
E Samschdeg den Owend kënnt et zu der 3. reng englescher Finall an der Futtball-Champions-League. Um 21 Auer gëtt d’Finall tëscht Manchester City an Chelsea

E Samschdeg den Owend kënnt et zu der drëtter reng englescher Finall an der Futtball-Champions-League. Um 21 Auer gëtt d’Finall tëscht Manchester City an Chelsea am Estádio do Dragão zu Porto ugepaff.
No 2008, wou sech Chelsea géint Manchester United huet misse geschloe ginn, an dem gewonne Finale Dahoam 2012 géint d’Bayern, ass et fir d’Blues déi drëtt Champions-League-Finall an hirer Veräinsgeschicht.

Fir Manchester City ass et dogéint eng Première. Fir d’éischte Kéier steet de Veräin an der Finall vun der europäescher Kinneksklass. D’Citizens gi gestäerkt an de Match. D’Ekipp vum Pep Guardiola ass gewëllt, den Triplé aus Meeschterschaft, League Cup an Champions League perfekt ze maachen.

De Guardiola, dee schonn 2009 an 2011 d’Champions League mam FC Barcelona gewanne konnt, kéint dee sechsten Trainer ginn, deen d’Champions League mat zwee verschiddene Veräiner gewënnt. Bis elo ass dat dem Ernst Happel, Ottmar Hitzfeld, Jupp Heynckes, Carlo Ancelotti a sengem jorelaange Rival José Mourinho scho gelongen.

Säin Trainerpendant op der Géigesäit, Thomas Tuchel, steet fir dat zweete Joer hannereneen an der Champions-League-Finall. D’lescht Joer huet hie sech mat Paris Saint-Germain knapp mat 1:0 géint Bayern misse geschloe ginn. Fir d’Ekipp vun der Stamford Bridge ass et déi zweete Finall dëst Joer. Am FA-Cup gouf et allerdéngs eng Néierlag géint Leicester City. Chelsea kéint sech no 2012 fir déi zweete Kéier d’europäesch Kroun aus dem Veräinsfuttball opsetzen.

D’Champions-League-Finall kënnt Dir e Samschdeg den Owend vun 20.45 Auer u live op RTL ZWEE an am Livestream op RTL.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO