
D’Halep war scho mat 6:1 an 2:1 a Féierung, wéi se wärend dem Match op eemol eng Panikattack kritt huet. Et wier einfach aus dem Näischt eraus geschitt, sot d’Rumänin duerno op der Pressekonferenz. Si wousst net wéi se mat der Situatioun sollt ëmgoen, well eigentlech war se gutt am Match.
Den Dokter gouf dann och wären dem Match op den Terrain geruff. Dee konnt awer keng physesch Problemer feststellen. D’Halep wousst, dass se sech berouege misst.
Si huet 8 Jeuen hannertenee gewonnen an de Match komplett gedréint. Eréischt am 3. Saz konnt d’Halep nees e Jeu gewannen zum 1:3, ma do war et schonn ze spéit.
Dem Halep no wier d’Panikattack elo näischt Geféierleches gewiescht, ma si wier geschitt, an et misst een elo erausfannen, wisou et dozou komm ass. “Villäicht hunn ech mech selwer ze vill ënner Drock gesat”, esou d’Spillerin. D’Defaite géif immens wéi doen.
Et stoung um Enn 6:2, 2:6 an 1:6.