
E Sonndeg den Owend goufen am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären 2 Matcher vum 8. Spilldag gespillt.
LINK: Schonn um Samschdeg konnten d’Red Boys a Bierchem gewannen
HB Diddeleng - CHEV Dikrech 30:25 (16:12)
Dikrech ass richteg gutt an de Match gestart a louch no 7 Minutte mat 4:1 a Féierung, mee dono ass Diddeleng besser an de Match komm, hunn de Réckstand nees opgeholl a konnten a Féierung goen. Sou ass et mat engem 16:12 fir d’Heemekipp an d’Paus gaangen. No der Paus huet Dikrech probéiert, drun ze bleiwen, an huet déi Diddelenger och net ganz fortzéie gelooss, mee fir méi ass et awer net duergaangen an Diddeleng wënnt schlussendlech souverän mat 30:25 géint Dikrech.
HB Miersch - HB Käerjeng 25:44 (11:23)
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball