
D’Sparta Bartreng steet virum leschte Spilldag vun der Qualifikatioun am Basketchampionnat op der 2. Plaz. Déi Bartrenger hu sech en Dënschdeg den Owend an engem Nodrosmatch mat 90:81 (23:26, 18:23, 27:22, 22:10) zu Steesel duerchgesat.
De Weekend ass dann dee leschte Spilldag vun der Qualifikatioun. Hei decidéiert sech, wie sech als lescht Ekipp fir de Playoff ka qualifizéieren a wien da géint wie wäert spillen.