Lëtzebuerger Futtball-FederatiounSpectateure bei de Partië géint Liechtenstein an Zypern erlaabt

RTL Lëtzebuerg
Déi Lëtzebuerger Futtballer-Federatioun huet e Samschdeg de Moie matgedeelt, datt eng begrenzten Zuel un Ticketen an d'Vente wäert goen.

De 7. Oktober spillt d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp am Stade Josy Barthel e Frëndschaftslännermatch géint Liechtenstein an dann dräi Deeg drop huet een an der Nations League Zypern heiheem op Besuch.

Fir béid Matcher wäert d’FLF eng begrenzten Zuel un Ticketen an d’Vente ginn, dat nodeems d’Regierung an d’Stad Lëtzebuerg gréng Luucht ginn haten. Weider Detailer sollen an den nächsten Deeg matgedeelt ginn.

PDF: Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO