FLBBSpëtzematch tëscht Coupegewënner a Champion bei den Damme fir den Optakt

RTL Lëtzebuerg
Bei den Häre kritt de Champion Steesel et um éischte Spilldag mam Opsteiger Gréngewald ze dinn.
© AFP (Archiv)

Och d’Basket Federatioun huet e Méindeg de Spillplang fir déi nei Saison publizéiert. Den éischte Spilldag bei den Dammen an Hären wäert de Weekend vum 24. a 25. September gespillt ginn.

Bei den Damme kënnt et direkt zum Spëtzematch tëscht dem Coupegewënner Walfer an dem Champion Diddeleng. Bei den Häre kritt de Champion Steesel et mam Opsteiger Gréngewald ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO