
D’Zäit ass knapp an dofir brauch ee fir de Spillplang wärend der Corona-Pandemie duerchzekréien och speziell Mesuren - an déi huet d’Uefa elo geholl.
Wann an der Nations League 2020/21 ee Match net ka gespillt ginn, well e ze vill positiv Corona-Fäll bei béiden Ekippe gëtt, da gëtt d’Resultat geloust. Am Fall wou géing tëscht 3 Optioune geloust ginn: 1:0, 0:0 oder 0:1.
Et ass eng komesch Virstellung, datt an Zukunft d’Resultat vun de Partië per Lous kéint falen, ma den Uefa-Exekutivcomité huet fir déi nächst Lännermatcher an domat och fir d’Nations League e puer speziell Reegelen decidéiert.
Déi wichtegst Moossname vun der Uefa
Ee Match muss ëmmer gespillt gi soulaang all Team 13 Spiller huet, dovun och ee Golkipp, déi spille kënnen. Ass dat net de Fall, gëtt no engem aneren Termin gesicht, méiglecherweis op engem neutralen Terrain. Kann d’Spill nach ëmmer net gespillt ginn, verléiert déi Ekipp, déi dru Schold ass mat 0:3. Mat verantwortlech mengt d’UEFA och falls d’Ekipp ze vill Spiller huet, déi mam Coronavirus infizéiert sinn. Sinn déi 2 Ekippe verantwortlech, da gëtt geloust. Et kann dann 1:0, 0:0 an 0:1 geloust ginn. Dëst Resultat huet dann déi selwecht Auswierkungen op der Tabell, wéi Matcher déi richteg gespillt goufen.
D’Nations League wichteg fir d’WM
Méi wichteg wéi den Titel vun der Nations League ass wuel d’Verbindung mat der WM-Qualifikatioun. Nëmmen déi 10 Gruppegewënner vun der Qualifikatioun sinn direkt beim Tournoi am Katar mat dobäi.
Dobäi kommen och nach d’Playoffs fir d’WM. Zwou vun den zwielef Plazen an de Playoffs, bei deenen dräi WM-Ticketen um Spill stinn, ginn an der Nations League ënnert de Gruppegewënner verdeelt.
De Spillmodus vun der Nations League
An der Nations League ginn et 4 Ligaen: Liga A, B, C an D. Déi 55 Nationalekippen, déi bei der Uefa ugemellt sinn, spillen an deene 4 Ligaen a kënnen op- an ofsteigen. Lëtzebuerg ass an der Liga C. An de Ligaen A, B an C ginn et jeeweils 4 Gruppe mat 4 Ekippen. An der Liga D ginn et 2 Gruppe mat 3 a 4 Ekippen. Déi lescht vun de Gruppe steigen eng Liga of, an déi éischt steigen op.
Lëtzebuerg ass am Grupp 1 vun der Liga C a muss géint Zypern, Montenegro an Aserbaidschan spillen. Et gëtt jeeweils een Hin- a Réckmatch. Sollt Lëtzebuerg sech eng weider Kéier déi 1. Plaz am Grupp sécheren, da klammen d’Rout Léiwen an d’Liga B.
Déi 4 Gruppegewënner vun der Liga A spillen um Enn een Turnéier ënnert sech an ermëttelen hei de Gewënner vun der Nations League 2020/21. Et ass den Ament awer nach net kloer wou a wéini dëse soll gespillt ginn.
D’Matcher vun de Roude Léiwen
4. September: 18 Auer Aserbaidjan - Lëtzebuerg
8. September: 20.45 Auer Lëtzebuerg - Montenegro
10. Oktober: 15 Auer Lëtzebuerg - Zypern
13. Oktober: 20.45 Auer Montenegro - Lëtzebuerg
14. November: 18 Auer Zypern - Lëtzebuerg
17. November: 20.45 Auer Lëtzebuerg - Aserbaidjan
Alleguer d’Partië vun der FLF-Formatioun gi live op RTL Zwee an am Stream op RTL.lu iwwerdroen.
D’Nations League gouf gegrënnt, fir dass Lännermatcher méi attraktiv solle ginn, an och méi um héijen Niveau gespillt gëtt, andeems een manner Frëndschaftsmatcher ubitt, duerfir awer méi Matcher wou et ëm eppes geet.