
Um Donneschdeg huet d’Handball-Federatioun de Spillplang vum Playoff matgedeelt. Den 1. Spilldag ass de Weekend vum 8., 9., an 10. Mäerz an hei kënnt et bei den Hären zu den Dueller Käerjeng-Diddeleng, Red Boys-Bierchem an Esch-Dikrech. De leschte Spilldag ass den 18. Mee um 20.15 Auer. Hei kritt ënnert anerem Esch et mam Champion Käerjeng ze dinn.