DäitschlandSportministeren hale Geeschter-Matcher am Mee fir méiglech

RTL Lëtzebuerg
An der 1. an an der 2. Bundesliga kéint méiglecherweis am Mee nees gespillt ginn, esou d'Sportministere vun den eenzele Bundeslänner.

Natierlech géifen d’Matcher an eidele Stadione gespillt ginn, dat steet an engem Bericht vun der Sportministerkonferenz vun e Mëttwoch.

Den DFB an d’DFL schaffen den Ament un engem Konzept, fir d’Saison op en Enn ze spillen. Eng definitiv Entscheedung vum Sportsministère ass awer nach net geholl ginn.

Den FLF-President Paul Philippe deet sech schwéier domadder, datt bei eisen Noperen d’Saison nach emol soll ufänken:

Extrait Paul Philippe

“Natierlech fir uewen un Televisiounsgelder ze kommen. An der drëtter Liga do ass et haaptsächlech fir nach Recetten ze hunn. Obschonn d’Meenunge komplett gedeelt sinn. Wann ech héiere wat fir eng Virsiichtsmoossname musse getraff ginn, fir op een Terrain ze goen, wou keng Zuschauer sinn, da sinn ech relativ skeptesch.”

D’Ministeren an Däitschland hu sech dann och dofir ausgeschwat, d’Mesuren, wat de Fräizäitsport ugeet, nees méi labber ze maachen. Deemno kéinte Sportaarten am Fräien nees erlaabt ginn, do wou een de Sécherheetsofstand anhale kann.

Back to Top
CIM LOGO