
E Méindeg ass bei der Europameeschterschaft am Futtball de Ball am Grupp D an am Grupp E gerullt.
Schottland - Tschechien 0:2
25 Joer ass et hier, zënter deem Schottland fir déi leschte Kéier bei enger EM dobäi war, ma den éischte Match um Turnéier sollt allerdéngs manner gutt fir d’Schotten ausgoen. Déi Tschechesch Republik wënnt nämlech mat 2:0, dat duerch 2 Goler vum Patrik Schick.
An der 42. Minutt kritt de Schick de Ball geflankt a kann den 1:0 mam Kapp markéieren. 7 Minutten nom Ufank vun der 2. Hallschent dann ass et nees de Schick, dee fir d’Tscheche markéiert, dat duerch e wonnerschéine Gol aus ronn 50 Meter. Hei hat de Spiller gesinn, dass de schottesche Goalkeeper wäit aus sengem Gol stoung an ofgezunn. Beim 2:0 ass et dann och bis zum Schluss vum Match bliwwen.
Polen - Slowakei 1:2
Esou hat sech Polen den Optakt bei der Europameeschterschaft sécher net virgestallt. Am éischte Match gouf et eng iwwerraschend Néierlag géint d’Slowakei. An der 18. Minutt hat de Szczesny mat engem Selbstgol d’Slowakei a Féierung bruecht. No der Paus hunn d’Polen opgedréint an de Linetty huet no nëmme 27 Sekonnen op 1:1 ausgeglach. D’Ekipp ronderëm de Weltfuttballer vum Joer huet sech dunn allerdéngs duerch eng Giel-Rout-Kaart vum Krychowiak selwer geschwächt. An Ënnerzuel ass de Match nees a Richtung Slowakei gekippt an esou huet de Skriniar an der 69. Minutt mam 2:1 fir d’Schlussresultat gesuergt.
Spuenien - Schweden 0:0
D’Spuenier hu virun allem an der éischter Hallschent wierklech dominéiert. Koke, Alba a Morata hu Chancen erausgespillt, déi awer leiegelooss. Déi passiv Schweeden hate kuerz virun der Paus souguer iwwer den Isak bal fir d’Iwwerraschung gesuergt.
Um Ufank vun den zweete 45 Minutten war et awer keng esou kloer spuenesch Dominanz méi. An der 61. Minutt war et eng Risechance fir de Berg, deen awer um 2. Potto de Ball net kritt.
Um Enn huet déi spuenesch Ekipp awer nees alles probéiert, fir nach ee Gol ze schéissen. Och de Kappball vum Gerard an der 90. sollt net eragoen. Schlussresultat 0:0.
