
Um Sonndeg stoungen an de 4 Ligen vun der Nations League Matcher fir de Kont vum 2. Spilldag um Programm. Ënnert anerem war Spuenien géint d’Ukrain am Grupp 4 vun der Liga A gefrot, wärend Däitschland am selwechte Grupp op d’Schwäiz getraff ass.
Um Enn konnt sech Spuenien ouni Problemer mat 4:0 duerchsetzen, Däitschland an d’Schwäiz spillen 1:1 gläich.
An der Liga B bleiwe Russland a Wales och nom 2. Spilldag ouni Punkteverloscht. Serbien an d’Tierkei trenne sech ouni Goler mat 0:0.
Nodeems sech um éischte Spilldag vun der Liga C esouwuel Moldawien an de Kosovo ewéi och Slowenien a Griicheland sech hu misse mat engem Remis zefridde ginn, konnte Slowenien a Griicheland um zweete Spilldag Victoirë feieren.
An der Liga D konnten d’Färöer-Inselen hir zweete Victoire am zweete Match feieren a soumat steet de Futtballzwerg iwwerraschend un der Spëtzt. Am zweete Match trenne sech Malta a Lettland 1:1.
Schwäiz - Däitschland 1:1
0:1 Gündogan (14'), 1:1 Widmer (57'),
An enger flotter Partie ware béid Formatioune beméit, offensiv Akzenter ze setzen. An der 14. Minutt konnt de Gündogan mat engem prezise Schoss aus dem Réckraum fir d’Féierung suergen. Déi Schwäizer Formatioun hat sech wéineg geschockt gewisen an hat et ëmmer erëm probéiert, fir de Leno am Gol vun den Däitschen ze iwwerwannen. Bis zum Téi sollt sech allerdéngs näischt méi um Score änneren.
Nom Säitewiessel war Däitschland beméit, de Match ze kontrolléieren, ma an der 57. Minutt konnt de Widmer mat engem prezise Schoss ausgläichen. Duerno hat d’Schwäiz déi besser Geleeënheeten, ma et sollt awer beim 1:1-Remis bleiwen.
Spuenien - Ukrain 4:0
1:0 Ramos (3', Eelefmeter), 2:0 Ramos (29'), 3:0 Fati (32'), 4:0 Ferran Torres (84')
No engem Feeler um jonken Ansu Fati konnt de Ramos ewell an der 3. Spillminutt aus 11 Meter markéieren a Spuenien soumat a Féierung bréngen. D’Spuenier, déi als Favorit nom 1:1-Remis géint Däitschland um 1. Spilldag an d’Partie gaange sinn, hunn de Match an d’Féierung duerno probéiert, auszebauen. Virun allem de jonken Ansu Fati war an der éischter Hallschent ganz opfälleg a geféierlech. No knapp enger hallwer Stonn war et op en Neits de Ramos, deen eng Flank vum Dani Olmo mam Kapp am Filet konnt ënnerbréngen. Nodeems den Ansu Fati sech dann an der 32. Minutt selwer fir seng staark Leeschtung mat sengem éischte Gol fir Spuenien beloune konnt, war d’Virentscheedung ewell an der éischter Hallschent gefall.
No der Paus konnt de Ferran Torres fir de Schlusspunkt suergen a Spuenien eng kloer Victoire sécheren.
Serbien - Tierkei 0:0
Ungarn - Russland 2:3
0:1 Miranchuk (15'), 0:2 Ozdoev (34'), 0:3 Mario Fernandes (46'), 1:3 Sallai (62'), 2:3 Nikolic (70')
An der 3. Grupp vun der Liga B konnt Russland am éischten Duerchgang eng Zwee-Goler-Avance erausspillen, éiert de Mario Fernandes direkt nom Säitewiessel esouguer nach erhéije konnt. Ungarn hat allerdéngs net opginn a koum nach eng Kéier erun, ma um Enn sollt Russland och am zweete Match ongeschloe bleiwen.
Wales - Bulgarien 1:0
1:0 Williams (90'+5)
Mat engem Gol a leschter Sekonn besuergt de Williams Wales déi zweete Victoire am zweete Match a soumat och d’Spëtzt an hirem Grupp.
Irland - Finnland 0:1
0:1 Jensen (64')
Am selwechte Grupp konnt Finnland no der Defaite um éischte Spilldag géint Wales duerch eng 1:0-Victoire iwwer Irland déi éischten dräi Punkten afueren.
Slowenien - Moldawien 1:0
1:0 Bohar (28')
Kosovo 1:2 Griicheland
0:1 Limnios (2'), 0:2 Siovas (51'), 1:2 Berisha (82')
Andorra - Färöer-Inselen 0:1
0:1 Olsen (32')
Malta - Lettland 1:1
1:0 Nwoko (15'), 1:1 Guillaumier (25', Selbstgol)