No enttäuschendem OptaktStater Racing huet wuel en neien Trainer fonnt

RTL Lëtzebuerg
Am Futtball ass den Optakt vun der Saison beim Stater Racing net sou verlaf, wéi ee sech dat virgestallt hat.
Aktuell setzt den Directeur sportif Patrick Grettnich nach op der Trainerbänk.
Aktuell setzt den Directeur sportif Patrick Grettnich nach op der Trainerbänk.
© pressphoto Archiv

No deenen éischten 3 Matcher huet d’EKipp vum Nach-Trainer Patrick Grettnich eréischt 1 Punkt um Kont. Dee krute si e Sonndeg géint de Progrès Nidderkuer.

An deenen éischten zwou Partië gouf et allkéiers eng 2:3-Defaite géint Péiteng a géint d’Jeunesse. Et ass jo kee Geheimnis, dass déi Stater en neien Trainer sichen an do schéngt et, dass se mam Régis Brouard endlech ee fonnt hunn. De Sportdirekter an aktuellen Trainer vum Racing Patrick Grettnich betount, dass een d’Aen ëmmer opgehalen hätt an elo hätt sech eng gutt Opportunitéit erginn an et géing een elo a méi enk Gespréicher goen. Kéint een dono dann een neien Trainer virstellen, géing de Patrick Grettnich nees zeréck op säi Posten als Directeur sportif goen.

De Patrick Grettnich am RTL-Interview

De Régis Brouard war vun 2017 bis Enn 2018 Trainer beim Red Star FC zu Paräis an der drëtter franséischer Liga. Den Ament ass hien Expert op der franséischer Tëlee.

Dëse Sonndeg muss de Racing um 16 Auer auswäerts zu Hueschtert untrieden.

Back to Top
CIM LOGO