
De Bensi huet zanter 2008 fir d’FLF-Formatioun gespillt an a 50 Matcher 5 Goler geschoss.
Mat 32 Joer an no 54 Lännermatcher wëll de Kierper net méi esou, fir nach weiderhi mat der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp op engem héijen internationalen Niveau kënnen ze spillen. De Stefano Bensi huet op de soziale Medien annoncéiert, datt hien e Schlussstréch ënnert seng Karriär bei de Roude Léiwen zitt.
Den 11. Oktober 2008, also virun 13 Joer, huet de Stefano Bensi, dee seng Karriär bei de Senioren zu Schëffleng ugefaangen huet, säin éischte Lännermatch, deemools nach ënnert dem FLF-Nationaltrainer Guy Hellers, bei der 1:3-Defaite géint Israel gespillt. Duerch schwéier Blessuren, wéi zum Beispill d’Kräizbänner gerass, ass de Stiermer ëmmer nees gebremst ginn. Fir de Stefano Bensi gëtt et dann och ee Grond, firwat hien elo e Schlussstréch ënnert seng international Karriär zitt.
“Well kierperlech op deem Lännermatch-Niveau kann ech net méi bestoen. Wann ech bis 40 kéint spillen, géif ech bis 40 spillen.”
Fir de Bensi, dee 5 Goler am Dress vun de Roude Léiwe geschoss huet, schéisst elo net aus der Hëft, wat déi Decisioun ugeet: “Et ass e Prozess, deen eng gewëssen Zäit a mir ass.”
An esou Momenter stellt sech natierlech och ëmmer d’Fro no deem schéinsten an ellenste Moment. Dee schéinste fir de Stefano Bensi geet op den 10. September 2013 zeréck.
“All Match ass schéin, mä wann ech ee muss eraushuelen, ass et géint Nordirland.”
De Spiller vun der Fola hat deemools an der 77. Minutt den tëschenzäitlechen 2:1 geschoss. Den 1:1 an der 39. Minutt hat de Stiermer den 9. Oktober 2014 am fir hie sauerste Match eragesat, dat géint Mazedonien.
Um Enn gouf et an leschter Sekonn eng 2:3-Defaite a Mazedonien. An der Nationalekipp ass also elo Schluss fir de fréiere Profi vun Deinze an der Belsch. Mat sengem aktuelle Veräin Fola, un deen hien och nach déi nächst Jore gebonnen ass, wëll de Stefano Bensi awer e Sonndeg säi 5. Championstitel feieren.
E Sonndeg ass et jo de leschte Spilldag an der ieweschter Divisioun. D’Fola spillt do beim Noper Jeunesse. Do virdrun hunn déi Rout-Wäiss vun Esch awer nach en Nodrosmatch géint Wolz.