Australian OpenStefanos Tsitsipas am éischten Tour eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Nummer 12 op der Welt war net laang beim éischte Grand Slam vum Joer mat dobäi.

Op den Australian Open am Tennis, dem éischte Grand Slam Tournoi vum Joer, steet de Novak Djokovic am zweeten Tour. De Serb huet an der éischter Ronn a véier Sätz géint den US-Amerikaner Nishesh Basavareddy gewonnen.

De Lokalmatatdor Nick Kyrgios huet iwwerdeems bei sengem Comeback an dräi Sätz géint den Britt Jacob Fearnley verluer. De Griich Stefanos Tsitsipas huet sech direkt an der éischter Ronn a véier Sätz géint den Alex Michelsen aus den USA misse geschloe ginn.

Bei den Dammen huet sech d‘Belsch Elise Mertens an dräi Sätz géint Viktorija Golubic aus der Schwäiz behaapt.
D‘Fransousin Caroline Garcia huet an 3 Sätz d‘Japanerin Naomi Osaka verluer.

Back to Top
CIM LOGO