
D’Stephanie Krumlovsky huet e Samschdeg bei engem Meeting zu Metz deen 22. Lëtzebuerger Rekord an dëser Indoor-Saison realiséiert. D’Lëtzebuergerin huet d’Bomm 14,94 Meter wäit gestouss, domadder verbessert si hiren eegenen nationale Rekord vu virun enger Woch ëm 24 Zentimeter.
De Bob Bertemes ass dëse Weekend och an d’Halesaison gestart. Bei der “Süddeutschen Hallenmeisterschaft” huet hie mat 20,66 Meter d’Bomm am wäitste gestouss.