NBAStephen Curry brécht Rekord: 85 Dräier an engem Mount

RTL Lëtzebuerg
De Point Guard vun de Golden State Warriors huet domadder de Rekord vum James Harden aus dem November 2019 gebrach, hien hat 82 Mol getraff.
© AFP

Eleng am leschte Match géint d’Sacramento Kings, deen d’Warriors 117:113 gewonnen huet, huet hie 7 Mol vun ausserhalb vun der Dräierlinn getraff. De Curry huet dëse Rekord an 13 Matcher opgestallt, den Harden hat der deemools 15 gebraucht. Well de Curry dëse Mount nach zwee Matcher huet, géint Mavericks a géint d’Timberwolves, kann den dräifachen NB-Champion säin Eenzelrekord esouguer nach ausbauen.

Aktuell huet de Curry fir de Mount Abrëll e Schnëtt vun 38,2 Punkte pro Match, just eng Kéier war hien net iwwer 30 Punkte komm.

Back to Top
CIM LOGO