Schwäizer ParquetStrofrechtlech Prozedur géint FIFA-President Gianni Infantino lancéiert

RTL Lëtzebuerg
Dobäi geet et ëm e geheim Treffen tëscht dem Chef vum Weltfuttballverband an dem Leeder vun der "Bundesanwaltschaft", Michel Lauber.
© AFP

Dat huet de Schwäizer Parquet en Donneschdeg zu Bern matgedeelt.

Beim Treffe sollen Unzeeche gewiescht si fir strofbaart Verhalen. Et géing hei ëm Amtsmëssbrauch a Verletzung vum Amtsgeheimnis goen.

D’Prozedur trefft den Infantino ee Joer no senger Reelektioun als Fifa-President. D’Fifa hat am Juni all d’Virwërf ewell ofgestridden.

Wann de 50 Joer ale Fifa-Chef als schëlleg ugesi gëtt, kéint hie suspendéiert ginn. 2015 hat d’Fifa-Ethikkommissioun ewell reagéiert, wéi dem Infantino säi Virgänger den Joseph Blatter an de fréieren Uefa-Chef Michel Platini beschëllegt goufen.

Back to Top
CIM LOGO