BGL LigueStroosse wënnt géint Déifferdeng, Nidderkuer a Rouspert spille gläich

RTL Lëtzebuerg
2:0 wënnt Stroossen doheem géint Déifferdeng an Nidderkuer huet sech duerch 2 Goler an der Nospillzäit géint Rouspert beim 3:3 nach 1 Punkt geséchert.
© Val Wagner

E Freideg den Owend waren et fir den Optakt vum 15. Spilldag an der BGL Ligue d’Partië Stroossen géint Déifferdeng a Rouspert géint Nidderkuer.

LINK: Den Iwwerbléck vun der BGL Ligue

Stroossen - Déifferdeng03 2:0

Zu Stroossen ass d’Partie um 19.45 Auer e Freideg ugepaff ginn, ma am Match ass an den éischte 45. Minutte kee Gol gefall, sou dass et mat engem 0:0 tëscht béiden Ekippen an d’Kabinne gaangen ass. No der Halbzeit huet et dunn an der 66. Minutt am Gol vun Déifferdeng gerabbelt, dat duerch e Gol vum Jager. De Stroossener huet en direkte Fräistouss perfekt an de lénke Wénkel geschoss an huet dem Weber am Gol domat absolut keng Chance gelooss.

An der Nospillzäit (92. Minutt) erhéicht no engem Konter de Lourenco op 2:0 a séchert Stroossen mat sengem Gol definitiv déi 3 Punkten.

Progrès Nidderkuer - Rouspert 3:3

Direkt an der 8. Minutt war et e Selbstgol vum Nidderkuerer Tim Hall, dee fir den 1:0 fir Rouspert gefouert huet. Mat dësem Resultat ass och déi 1. Halbzeit op en Enn gaangen. No der Paus war et dunn an der 55. Minutt eng Flank op Mooss vum Weirich vu lénks op de Biedermann. De Rousperter Goalgetter spréngt méi héich wéi säi Géigner an et steet e wéineg iwwerraschend 2:0 fir d´Ekipp vun der Sauer.

© RTL

An der 64. Minutt huet den Nidderkuerer Hall du säi Feeler aus der 1. Halschent nees gutt gemaach an den 1:2 markéiert. De Biedermann spillt dunn an der 66. Minutt op de Weirich, dee probéiert et einfach Mol aus knapp 20m a markéiert den 3:1 fir d’Gäscht. E schéine Schoss, deen de Flauss awer vläicht hätt kéinten halen. Bis zum Schluss ass et spannend bliwwen an et ass dem Karapetian gelongen, an de 4. Minutte vun der Nospillzäit nach 2 Goler fir Nidderkuer ze markéieren an en 3:3 aus der Partie erauszehuelen.

BGL League: Stroossen géint FC Déifferdeng 03 (1.3.2019)

Back to Top
CIM LOGO