
Um Sonndeg stoung nach d’Partie tëscht Stroossen an dem Belair un.
Am Häre-Volleyball stoungen um Samschdeg 3 Partie vum Championnat um Programm.
Stroossen - Belair 3:0 (25:16,25:14,25:15)
Stroossen konnt sech um Sonndeg däitlech géint de Belair behaapten. Nom éischte Saz, dee mat 25:16 un d’Lokalekipp gaange war, konnt ee schonn eng éischten Tendenz a Richtung Stroossen zéien.
Och am zweete Saz konnt de Belair den Tempo vun de Stroossener net matgoen, a sou konnt sech Stroosse mat 25:14 duerchsetzen.
Am leschte Saz huet Stroossen näischt méi ubrenne gelooss, a sou hu si sech och dëse mat 25:15 séchere kënnen.
Um Enn hat Stroosse keng Problemer a wënnt mat 3:0 an de Sätz.
CHEV Dikrech - Bartreng 3:0 (25:23,25:16,25:18)
An engem ganz serréierten éischte Saz, wou béit Ekippen een ausgeglachene Match gewisen haten, war et um Enn d’Lokalformatioun vun Dikrech, déi mat 25:23 d’Iwwerhand behale konnt.
Am zweete Véierel hat Bartreng méi Schwieregkeete, mam CHEV Matzehalen a sou konnte sech déi Dikrecher och den zweete Saz sécheren, dëst mat 25:16.
Am leschte Saz huet Dikrech dann och näischt méi ubrenne gelooss, a sou konnte si och dëse Saz mat 25:18 wannen. Soumat konnte si sech am General mat 3:0 duerchsetzen.
Luerenzweiler - Fenteng 1:3 (20:25,14:25,25:23,21:25)
Zu Luerenzweiler waren et d’Gäscht vu Fenteng, déi besser an de Match koum waren. Luerenzweiler konnt zäitweis mathalen, ma um Enn war den éischte Saz awer mat 25:20 op de Compte vu Fenteng gaangen.
Am zweete Saz war et eng kloer Geschicht. Fenteng hat Luerenzweiler hei net vill Chance gelooss, a sou war et beim Score vu 25:14 eng kloer Saach fir Fenteng.
D’Haushäre konnte sech am drëtte Saz awer erëm fänken a si konnte Luerenzweiler plazeweis richteg iwwerraschen a sou konnte si den drëtte Saz esouguer mat 25:23 fir sech entscheeden.
De leschte Saz war dann awer och dee Leschten. Mat 25:21 konnten d’Gäscht dëse Saz fir sech entscheeden a sou wanne si um Enn mat 3:1 an de Sätz géint Luerenzweiler.
Residence Walfer - Escher VBC 0:3 (9:25, 21:25,17:25)
D’Gäscht vun Esch waren excellent an dëse Match gestart Den éischte Saz war um Enn kloer an däitlech mat 25:9 op de Compte vun de Gäscht gaangen.
D’Haushäre sollte sech am zweete Saz staark verbessert presentéieren, ma et sollt awer net duergoen, a sou goung dëse Saz mat 21:25 un d’Gäscht.
Am drëtten a leschte Saz war schnell kloer, dass Esch dës Partie wanne wäert. Déi Escher konnten de saz mat 25:17 fir sech entscheeden a wannen de Match soumat och mat 3:0 an de Sätz.
LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Volleyball
Stroossen - Iechternach 3:1 (27:25,25:27,25:14,25:16)
Walfer - Stengefort 3:0 (25:16,25:10,25:15)
Mamer - Péiteng 0:3 (19:25, 14:25,25:25)
CHEV Dikrech - GYM Volley 2:3 (25:22,22:25,25:12,24:26,11:15)