
Um Sonndeg gouf an Däitschland, England, Frankräich, Spuenien an Italien Futtball gespillt an et gouf direkt e puer interessant Matcher.
Stuttgart - Hannover 5:1
Et war sou eppes wéi eng Finall am Keller-Duell tëscht deenen zwou Krisen-Ekippen. Stuttgart huet allerdéngs immens staark an der éischter Halschent gespillt an Hannover huet eng indiskutabel Leeschtung gewisen. Schonn no 4 Minutten stoung et 1:0 wéi de Gomez aus 16 Meter mat lénks an de rietsen Eck schéisse konnt. An der 16. Minutt huet de Kabak no engem Corner vum Castro de Ball an de Gol gekäppt. Kuerz virun der dann nach eng kéier genau dat nämlecht Bild, dës kéier koum de Corner just vun der anerer Säit.
No 68 Minutten huet Hannover dunn awer op eemol den Uschloss gepackt wéi de Jonathas eng Flank vum Haraguchi verwäerte konnt. Stuttgart war um Sonndeg awer ze staark fir hei nach Punkten ofzeginn a konnt no 78 Minutten nees erhéijen. Dem Zuber säi Schoss aus 18 Meter gouf onhalbar fir de Golkipper ofgefälscht. 3 Minutte méi spéit ass et nach méi batter fir Hannover ginn wéi den Zuber säin zweete perséinlech Gol.
Wolfsburg - Werder Bremen 1:1
An der éischter Halschent hat sech net vill gedoen an et gouf net vill Héichpunkter. Wolfsburg hat zwar méi de Ball a Bremen hat sech just hannendran gestallt mee aus dem Ballbesëtz konnten déi Wolfsburger net vill a Chancen ëmwandelen.
An der 54. Minutt konnt d’Heemekipp dann awer verdéngt mat 1:0 a Féierung goen. Den Arnold huet e Fräistouss an d’Mëtt bruecht an de Brooks huet de Ball an de Gol gekäppt. Bremen ass dono méi offensiv ginn an huet op den Ausgläich gedréckt. Dee sollt hinnen an der 74. och geléngen. De Maximilian Eggestein huet vu riets virun de Gol geflankt an de Kruse huet de Ball per Volley am Gol ënnerbruecht.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Fulham - Chelsea 1:2
Béid Ekippen hu gutt ugefaangen an esou sinn déi dräi Goler och alleguer an der éischter Halschent gefall. An der 20. Minutt huet den Azpilicueta eng schaarf Flank an d’Mëtt bruecht an den Higuain huet de Ball wéi e Stiermer eben an de Gol ofdrëpse gelooss. 7 Minutte méi spéit huet den Chambers de Ball no enger Flank an de Gol gekäppt. Mee Chelsea konnt direkt nees reagéieren an duerch de Jorginho an der 31. Minutt den 2:1 schéissen. Et war en herrleche Schlenzer aus 16 Meter an de Wénkel. Zum Schluss huet sech Chelsea dës Victoire dann nach iwwert d’Zäit geziddert.
Everton - Liverpool 0:0
Am Kampf ëm d’Meeschterschaft huet Liverpool e weidere Réckschlag missen astiechen a spillen am Merseyside Derby just 0:0 géint Everton. Béid Stadionen leie io just wéineg Kilometeren auserneen.
Domadder ass Liverpool fir déi éischt kéier säit dem 16. Spilldag net méi Tabllenéischten a leien mat engem Réckstand vun 1 Punkt op Manchester City op der 2. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Lille - Dijon 1:0
Et war en Eegegol vum Lautoa an der 72. Minutt deen dëse Match zum Avantage fir Lille entscheet huet.
Lyon - Toulouse 5:1
Schonn nom 1. Duerchgang louch Lyon no Goler vum Depay (10.’), Traore (30.’) a Fekir (35.’) mat 3:1 a Féierung. Fir Toulouse hat den Dossevi (15.’) markéiert. No der Paus huet den Dembele mat engem Doppelschlag (67.’, 71.’) alles kloer gemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Sociedad - Atletico Madrid 0:2
Zwee Goler vum Alvaro Morata (30.’, 33.’) sinn duer gaangen fir 3 Punkten mat heem ze huelen. An der 62. Minutt hat de Koke bei Atletico Madrid nach déi giel-rout Kaart gesinn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Neapel - Juventus 1:2
Den Tabellenéischte ka beim Tabellenzweete gewannen - d’Juve baut also hire Virsprong an der Tabell aus.