Internationale FuttballStuttgart séchert sech auswäerts emol erëm ee Punkt

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga hu Werder Bremen a Stuttgart e Freideg den Owend 1:1 gläichgespillt. Stuttgart bleift weider op der Relegatiounsplaz.
© AFP (Archiv)

An der däitscher Futtball-Bundesliga war e Freideg den Owend den Optakt vum 23. Spilldag. D’Partie tëscht Werder Bremen an dem VfB Stuttgart ass mat engem 1:1 op en Enn gaangen. D’Lokalekipp dierft sech an dëser Partie méi erhofft hunn a krut e klengen Réckschlag a punkto Europa-League-Qualifikatioun. Stuttgart dierf mat engem Punkt zefridde sinn. No 5 Néierlagen huet een e Freideg auswäerts endlech emol nees ee Punkt kritt, trotz allem bleift een an der Tabell op der Relegatiounsplaz.

Suttgart war wéi de Blëtz gestart a war schonn an der 2. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. Den Zuber war de Werder-Spiller entwutscht a konnt ongestéiert de Ball an de Gol setzen. Sekonne virun der Paus konnt Bremen virun 41.000 Spectateuren duerch de Klaassen op 1:1 ausgläichen. An der zweeter Hallschent wat et eng monter Partie an där et ëmmer nees hin an hier gaangen ass, ma et huet béiden Ekipp un der néideger Präzisioun gefeelt. D’Partie ass doduerch mat engem 1:1-Remis op en Enn gaangen. Fir Bremen ass dëst schonn de 4. Remis aus de leschte 5 Partien.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

© AFP

Ligue 1

Dijon - St. Etienne 0:1

An der Ligue a Frankräich huet St. Etienne fir de Kont vum 26. Spilldag mat 1:0 zu Dijon gewonnen. Den decisive Gol huet de Subotic an der 64. Minutt geschoss. Duerch dës Victoire bleift St. Etienne op der 4. Plaz an der Tabell.

© AFP

Racing Stroossbuerg - Lille 1:1

Lille huet e Freideg den Owend auswäerts géint de Racing Stroossbuerg Punkte leie gelooss an d’Ekipp vum Gérard Lopez ass net iwwert een 1:1-Remis erauskomm. An der 42. Minutt hat den Ikone Lille mat 1:0 a Féierung bruecht. An der 68. Minutt konnt de Goncalves op 1:1 ausgläichen a bei deem Score sollt et bis zum Schluss dann och bleiwen. An der Tabell steet Lille weiderhin op der 2. Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Serie A

AC Mailand - FC Empoli 3:0

Am italienesche Championnat huet den AC Mailand eng souverän Victoire géint Empoli gefeiert. D’Lokalekipp huet awer e bësse gebraucht fir waarm ze ginn, well et huet een eréischt an der zweeter Hallschent de Match fir sech entscheet. An der 49. Minutt war et den Piatek, dee fir den 1:0 gesuergt huet. Nëmmen 2 Minutte méi spéit huet de Kessie op 2:0 erhéicht. D’Ekipp vum Gattuso hat d’Partie elo richteg am Grëff a konnt och an der 67. Minutt d’Avance duerch den Calhanoglu op 3:0 ausbauen. Bis zum Schluss ass et beim 3:0 bliwwen. Den AC Mailand festegt domadder déi 4. Plaz an der Tabell.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO