NFLSuper-Bowl-Gewënner an Ex-Broncos Star Demaryius Thomas gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den 33 Joer alen Ex-American-Football-Profi gouf dout a sengem Haus am US-Bundesstaat Georgia fonnt.
Den Demaryius Thomas 2018 am Déngscht vun den Denver Broncos.
Den Demaryius Thomas 2018 am Déngscht vun den Denver Broncos.
© Bart Young / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP (archiv)

Wéi et vun der Police heescht, wier de fréiere Wide Receiver un engem “medezinesche Problem” gestuerwen.

Den Demaryius Thomas gouf beim Draft 2010 an der éischter Ronn vun den Denver Broncos gewielt, dat op der 22. Plaz. No liichte Schwieregkeeten am Ufank huet hie sech a senger drëtter Saison zu engem effektive Receiver entwéckelt an hat fënnef Saisonen um Stéck iwwer 1.000 Yards. Hie stoung donieft a senger Karriär 4 Mol am Pro Bowl an huet eng Kéier mat den Denver Broncos 2017 de Super Bowls gewonnen. 2018 gouf hien du bei d’Texans getrade, wou hien eng Saison war. Dat Joer dono huet hie kuerz fir d’Patriots an dono fir d’Jets gespillt.

Back to Top
CIM LOGO