No Süper-Lig-Match tëschent Trabzonspor a FenerbahceSupportere stiermen Terrain an attackéiere Spiller

RTL Lëtzebuerg
An der tierkescher Süper-Lig koum et no der 3:2-Victoire vu Fenerbahce géint Trabzonspor alt nees zu onschéinen Zeenen um Terrain.
© SID/HANDOUT

Supportere vum Tabellendrëtten Trabzonspor sinn no der Defaite vun hirer Ekipp op den Terrain gelaf an hunn d’Spiller vu Fenerbahce attackéiert. Op Biller ass ënner anerem ze gesinn, wéi een Zuschauer e Spiller vun der Istanbuler Ekipp mam Cornerfändel menacéiert. De belschen Nationalspiller Michy Batshuayi ass op engem Video ze gesinn, wéi hien en Trabzonspor-Fan mam Fouss rennt. Fenerbahce-Golkipp Dominik Livakovic soll Medieberichter no eng Fauscht an d’Gesiicht kritt hunn.

Wärend den tierkeschen Inneminister Ali Yerlikaya eng Enquête ugekënnegt huet, fir déi bedeelegt Fans z’identifizéieren, huet de Futtballverband TFF haart Strofen annoncéiert. Och de FIFA-President Gianni Infantino huet vun “inakzeptabeler Gewalt” geschwat an d’Autoritéiten dozou opgefuerdert, déi Schëlleg “zur Rechenschaft” ze zéien.

Et ass net déi éischte Kéier, datt et an der 1. tierkescher Futtball-Liga zu Gewalt kënnt: Réischt am Dezember gouf wärend engem Match tëschent Ankaragücü an Rizespor den Arbitter vum Veräinspresident vun Ankara attackéiert. De Spillbetrib an der Süper-Lig gouf deemools fir eng Woch gestoppt.

Back to Top
CIM LOGO