DammebasketT71 Diddeleng an Trainerin Andrea Harris gi getrennte Weeër

RTL Lëtzebuerg
Déi Diddelenger Damme louche virum Ofbroch vum Championnat op der zweeter Tabelleplaz.

Aus dem nationalen Dammebasket ass et d’Nouvelle, datt den T71 Diddeleng an hir Trainerin Andrea Harris vun elo u getrennte Weeër ginn.

T71 an Harris trenne sech / Reportage Jeff Kettenmeyer

Dem T71-President Marcel Wagener no huet d’Andrea Harris och eng formidabel Aarbecht gemaach. D’Differenze bezéie sech eréischt op d’Preparatiounen an d’Erwaardungen op déi nei Saison.

De Marcel Wagner: “Speziell an der Kaderplanung, do ass op eemol erauskomm, datt mir net méi op enger Wellelängt sinn an dunn hunn mir fonnt, datt et besser wier, datt mir d’nächst Saison dee Wee net méi zesumme ginn.

Dem T71 geet et net anescht wéi enger Partie aneren Dammeveräiner am Land. D’Unzuel vu Spillerinne stellt den Ament ee Problem duer.

De Marcel Wagener: “Vill Veräiner hu Kaderproblemer, Diddeleng och. Aktuell si just 3 Spillerinne sécher dobäi, et gëtt enk hei zu Diddeleng, a wann ech richteg informéiert sinn och an anere Veräiner. Mir sinn elo amgaang ze kucken, wéi mir dee Probleem uginn, a waarden och do op een neien Trainer wéi dee sech dat da virstellt.

D’Andrea Harris ass aktuell och Jugendtrainerin beim T71 a soll dat dem President no am Léifsten och bleiwen.

De Marcel Wagener: “Op jiddefalls wënschen ech mir, datt et do bleift. Et ass do amgaang, bei deene jonke Meedercher nees eng ganz kompetitiv Ekipp opzebauen.

Wien de Poste vum Coach bei den Diddelenger Damme wäert iwwerhuelen steet den Ament nach net fest.

Back to Top
CIM LOGO