Coupe Halleffinallen am BasketT71 Diddeleng ass den éischte Finalist bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg gouf déi éischt Halleffinall am Lalux Ladies Cup bei den Damme gespillt.
Coupe Halleffinallen am Basket
T71 Diddeleng ass den éischte Finalist bei den Dammen

Den T71 Diddeleng, deen dës Saison nach ongeschloen ass, steet no enger 84:57-Victoire géint d’Amicale Steesel an der Finall. No enger ausgeglachener Ufanksphas huet Diddeleng sech lues a lues ofgesat a louch schonn an der Paus 50:33 a Féierung.

Diddeleng huet de Virsprong an der zweeter Hallschecht weider ausgebaut an um Enn souverän gewonnen. Virun allem am Rebound war Diddeleng dem Géigner haushéich iwwerleeën. Véier Spillerinne vum T71 hunn zweestelleg getraff, mat 20 Punkten hat d’Lauren Van Kleunen déi meeschten um perséinleche Kont.

E Sonndeg spillt d’Sparta Bartreng géint de Basket Esch. D’Finall gëtt de 7. Februar an der Arena vun der Coque um Kierchbierg gespillt.

E Freideg den Owend hat sech de Racing Lëtzebuerg an der Finall vun der Coupe FLBB bei den Dammen no duebeler Verlängerung mat 53:50 géint de Black Star Miersch duerchgesat.

Weideren Artikel zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO