
D’Supporter hunn eng enk Partie gesinn, keng Ekipp konnt sech am Laf vum Match e klore Virsprong erausspillen. Obwuel de Profispiller Davis an der éischter Hallschecht mat 3 Feeler op der Bänk Plaz geholl huet, ass Ettelbréck mat enger knapper 43:41-Féierung an d’Paus gaangen. Am drëtte Véierel hat d’Etzella kuerzzäiteg e Laf an et konnt ee mengen, dass de Match an hir Richtung kippt, Steesel konnt sech allerdéngs mat e puer Wërf aus der Distanz zeréck an d’Partie bréngen an 8 Minutte viru Schluss stoung et gläich.
No enger enker Schlussphas setzt sech Ettelbréck mat 89:81 duerch. Den Adrian Delph konnt mat 26 Punkten iwwerzeegen, 23 Punkten huet den Nationalspiller Philippe Gutenkauf zur Victoire bäigesteiert.
Insgesamt waren e Samschdeg 1.700 Spectateuren an der Coque bei den zwee Matcher. E Sonndeg spillt d’Sparta Bartreng géint d’Arantia Fiels. D’Finall gëtt de 7. Februar an der Arena vun der Coque um Kierchbierg gespillt. E Freideg den Owend hat sech d’Arantia Fiels an der Finall vun der Coupe FLBB bei den Häre mat 61:57 géint den AB Conter behaapt.
T71 Diddeleng ass den éischte Finalist bei den Dammen