Basket-FinallT71 Diddeleng prett fir d'Etzella Ettelbréck

RTL Lëtzebuerg
Am Härebasket ass e Samschdeg den Owend déi éischt Finall vum Championnat zu Ettelbréck tëscht der Etzella an Diddeleng.
© Maya & Robert Straus

D’Ekipp aus den Däichwisen hat sech an den Halleffinallen ouni gréisser Problemer géint den Titelverdeedeger Steesel duerchgesat. Den T71 huet déi 5 méiglech Matcher gebraucht, fir sech schlussendlech géint déi dach liicht favoriséiert Escher ze behaapten. De Facteur Erhuelung spillt elo fir d’Ekipp ronderëm den Tom Schumacher, déi schonn e bëssen an d’Jore komm ass, dach eng gewësse Roll. Beim T71 Diddeleng gesäit een et awer och positiv, well et ass een elo am Rhythmus dran.

Extrait Tom Schumacher

Déi éischt Finall vum Häre-Championnat am Basket gëtt e Samschdeg den Owend um 20.30 Auer zu Ettelbréck ugeworf. Hei bei RTL Radio Lëtzebuerg sinn mir natierlech Live fir Iech dobäi. Am Bild kënnt dir de Match am Stream op RTL.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO