
Um 5. Spilldag vum Titel Playoff am nationale Basket stoungen um Samschdeg dräi wichteg Partien um Programm.
T71 Diddeleng - Racing 94:76
An der Ufanksphas waren et d’Gäscht, déi sech déi éischt bësse méi däitlech Féierung krope konnten, dëst beim Stand vun 20:14 no ronn 6 Minutten. Bis zum Enn vum drëtte Véierel konnt sech den T71 awer erëm erukämpfen a souguer nach a Féierung goen, dëst beim Stand vun 28:27 no 10 Minutten.
Duerno war de Racing an ee klengt Lach koum a sou konnt den T71 sech lues a lues ofsetzen, sou dass et mat enger 10-Punkten-Avance fir déi Diddelenger an d’Paus gaange war, dëst beim Score vun 41 op 31.
No der Paus huet den T71 näischt méi ubrenne gelooss. Och wann de Racing sech net opginn huet, goung et mat enger Avance fir déi Diddelenger an de leschte Véierel, dëst beim Stand vun 63:54.
Dësen Avantage hu si sech bis zum Schluss och net méi huele gelooss, an de Racing konnt net méi vill dogéintsetzen. Um Enn Wënnt Diddeleng 94:76.
Etzella - Basket Esch 73:57
D’Etzella wollt sech d’Féierung am Titelgrupp net méi huele loossen, ma mam Basket Esch war den direkte Verfolger zu Besuch.
D’Ufanksphas war awer vir de Gaascht, sou dass si sech no ronn 5 Minutten mat 10 Punkten op 15:5 ofsetze konnten. Duerno hunn d’Haushäre sech awer gefaangen a sou si si bis zum Enn vum éischte Véierel op 15:19 erukomm. Am zweete Véierel war d’Etzella dann awer déi dominant Ekipp, a si konnte sech d’Féierung och erëm zeréckhuelen. Sou goung et och mat enger Avance vu 5 Punkten an d’Paus, dëst beim Stand vu 37:32. Bis zum leschte Véierel konnt de Basket Esch gutt mathalen, si hunn der Etzella d’Victoire net wëlle schenken. De jonke Ben Kovac op Säite vum Basket Esch konnt sech gutt presentéieren, a sou goung et ausgeglach 51:51 an déi leschten 10 Minutten.
Hei konnten déi Escher awer näischt méi entgéintsetzen. D?etzella konnt am leschte Véierel staark opspillen, a sou goung et mat engem Score vun 73:57 op en Enn.

Steesel - Sparta 85:80
An enger ausgeglachener Ufanksphas konnt sech keng vu béiden Ekippen ee kloren Avantage erausspillen, sou dass den éischte Véierel och mat just 3 Punkten Avance zu Gonschte vun der Amicale ausgoe sollt. Am zweete Véierel konnt Steesel sech kuerzzäiteg op 15 Punkten an Avance spillen, ma d’Sparta konnt sech awer nach eng Kéier fänken, an de Réckstand ze verréngeren, sou dass et zur Paus 44:37 stoung.
Souwuel de Williams op Säite vu Bartreng an den Jeffrey Le Roy Early Jr op Säite vun der Amicale konnten iwwerzeegen. Allgemeng huet d’Amicale hir Féierung relativ sécher behalen, ouni den Avantage selwer allerdéngs ze vergréisseren. Mat engem Avantage vu 9 Punkte war et fir d’Lokalekipp an de leschte Véierel gaangen, dëst beim Stand vun 63:54.
Am leschte Véierel konnt sech d’Amicale nach ee Mol gutt an d’Partie kämpfen, um Enn sollt et awer net duergoen. D’Amicale wënnt ënnert dem Stréch mat 85:80 géint d’Sparta vu Bartreng.

Och am Häre Playdown war et de 5. Spilldag mat dëse Resultater:
Konter - Walfer 105:87
Kordall Steelers - Musel Pikes 69:105
Konter - Musel Pikes 71:67
T71 Diddeleng - Etzella 63:53
Gréngewald - Steesel 67:82
LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Basket
LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Basket
LINK: Den Iwwerbléck vun der Nationale 2