BasketT71 Diddeleng verstäerkt sech mam Mihailo Andjelkovic
3 Deeg no der Néierlag an der leschter Championnatsfinall am Härebasket huet den T71 Diddeleng een zolitte Coup um Transfertmaart gelant.
Verëffentlecht: 24.05.22 17:37, Update: 04.12.25 07:23
De Mihailo Andjelkovic wiesselt vum AB Conter an d‘Forge du Sud. Den 23 Joer alen Nationalspiller huet zanter 2018 zu Conter gespillt.