BasketballTabelleleader Walfer zitt géint Bartreng de Kierzeren

RTL Lëtzebuerg
An der Partie géint d'Sparta Bartreng gouf et fir d'Residence bei enger 79:94-Néierlag näischt ze huelen.
© Shari Schenten

Bei den Hären huet den Tabelleleader vu Walfer mat 79:94 (25:33, 12:15, 17:24, 25:22) géint Bartreng de Kierzere gezunn. D’Gäscht vu Bartreng ware vun Ufank u besser am Match a konnten d’Féierung iwwert déi véier Véierel halen an d’Partie domat verdéngt fir sech entscheeden.

Hiefenech huet géint de Racing näischt ubrenne gelooss an d’Partie mat 85:56 (12:15, 27:10, 30:14, 16:17) fir sech entscheet. Duerch e staarken zweeten an drëtte Véierel konnte si sech e grousse Virsprong opbauen, dee vum Gaascht net méi opzehuele war.

Den T71 Diddeleng huet e Samschdeg virun den eegene Spectateure kee gudden Dag erwëscht. Um Enn stoung eng 52:80-Defaite (11:20, 11:19, 17:21, 15:20) géint de Basket Esch.

De Basket Esch klappt den T71
Diddeleng bleift weider an der Kris a verléiert mat 52:80 géint Esch.

Am véierte Match vum Dag huet sech Steesel dann nach misse mat 87:103 (23:21, 21:27, 23:25, 20:30) géint eng staark Ekipp vun de Musel Pikes geschloe ginn.

Den Iwwerbléck vun den Dammen

Um 1. Spilldag vum zweeten Tour gouf et fir den Tabelleleader vun Diddeleng eng wichteg Victoire am Spëtzematch. Den T71 huet sech mat 71:55 (13:14, 23:15, 21:12, 14:14) géint d’Musel Pikes behaapt a vergréissert de Virsprong op der éischter Plaz op véier Punkten.

Den T71 klappt d’Pikes
D’Damme vun Diddeleng dominéieren d’Musel Pikes a kënne sech mat 71 op 55 duerchsetzen.

Am zweete Match vum Samschdeg huet den AB Contern dann nach mat 95:84 (26:16, 14:19, 31:22, 24:27) géint d’Tabelle-Schlussliicht vun Ettelbréck gewonnen.

E Freideg den Owend hat sech zum Optakt vun der 2. Ronn d’AmicaleSteesel mat 79:59 géint de Basket Esch behaapt.

Back to Top
CIM LOGO