
Dobäi ass e 15 Joer ale Spiller vun der däitscher Ekipp liewensgeféierlech um Kapp blesséiert ginn. Hie misst reaniméiert ginn. Spéiderhin ass hien am Spidol u sengen uerge Blessure gestuerwen. Den deemools 16 Joer alen Täter, e Jugendspiller vum FC Metz, koum fir 9 Méint an Untersuchungshaft.
Dat däitscht Geriicht huet de mëttlerweil 17 Joer alen Täter zu zwee Joer Prisong op Sursis verurteelt. Deemno ass hien op fräiem Fouss, e muss dem Frankfurter Geriicht awer all Mount soen, wat en esou mécht.