Luc HoltzTerrain zu Podgorica ass an engem desolaten Zoustand

Tom Hoffmann
Fir den Nationaltrainer ass et onverständlech, dass de Match haut den Owend op dem Terrain sollt ugepaff ginn. Et kéint ee Räis um Terrain planzen.
© Ben Majerus / Sportspress

Zu Podgorica am Montenegro reent et zanter e puer Deeg hefteg an dat kënnt dem Terrain, wou den Owend de Match tëschent dem Montenegro a Lëtzebuerg an der Futtball Nations League sollt gespillt ginn, net ze gutt. Dee wier an engem desolaten Zoustand, sot den Luc Holtz e Méindeg den Owend op der obligatorescher Pressekonferenz virun der Nations League Partie.

Terrain an desolatem Zoustand / Reportage Tom Hoffmann

Fir den Nationaltrainer ass et onverständlech, dass de Match um Dënschdeg den Owend op dem Terrain sollt ugepaff ginn.

„Et ass en Uefa Observateur do, deen soll esou en Terrain kucken goen also ech war do, do kann ee Reis planzen… Wann een Wiederkonditiounen hei e bëssen kuckt, dass Ree gemellt bis muer den Owend an et ass keng Baatsch um Terrain. Ech weess net wéi vill Waasser nach fält an deene kommende Stonnen an ech ka mir zu dësem Moment net virstellen, wéi een op dem Wues muer den Owend soll Futtball spillen.“

© Ben Majerus / Sportspress

Dowéinst gouf den Ofschlosstraining op en aneren Terrain verluecht, fir de Wues am Gradski Stadion esou gutt wéi méiglech ze schounen. Wéinst dëse schlechte Viraussetzungen kann den Nationaltrainer viraussiichtlech net op déi gewinnten Taktik zréck gräifen.

„Leider fir eis, well dee gepfleechte Futtball, dee mir an deene leschte Wochen a Méint spillen, deenmuss een da komplett Revue passéiere loossen, well zemools an der Achs vum Terrain, do si Plazen, wou de Ball muer den Owend iwwerhaapt net wäert rullen. Also musse mir déi Zone schonn iwwerspillen. Dat ginn also vill Zweekämpf, vill Mentalitéit an och Intelligenz zum Deel, well wann de Ball am Waasser hänke bléift, muss ee mam Kapp séier reagéieren. Mir probéieren eis esou gutt et geet ze preparéieren an wann et esou soll sinn, mat ganz vill Mentalitéit a Motivatioun dogéint halen. Iergendwou hoffen mir, dass et eng Gerechtegkeet am Liewe gëtt, dass mir déi 3 Punkten mat Heem huelen.

© Ben Majerus / Sportspress

Batter ass et aus der Siicht vun der FLF-Formatioun, dass d’Ekipp op den Christopher Martins, Maxime Chanot an de Vahid Selemovic verzichten muss.

„Ech hoffen, dass mir an noer Zukunft op eis Leit alleguerte kënnen zréck gräifen. Dir kënnt Iech jo da virstellen, dass mir dann net nëmmen an eist Spill nees méi Qualitéit dra kréien, mee virun allem nees an de Kader. Dat ass wichteg fir de Mount November, wou mir nees a 6 Deeg 3 Matcher spillen. Dat ass wichteg, well soss gëtt Middegkeet iergendwann esou grouss, dass et e Leeschtungsofall gëtt, a da sinn mir natierlech net méi esou performant an da kënne Resultater och net méi esou gutt sinn.”

De Luc Holtz huet och der Pressekonferenz ugedeit, dass et wéinst dem Zoustand vum Terrain aus taktesche Grënn zu der enger oder anerer Iwwerraschung an der Opstellung kéint kommen.

Stëmmt mat of

Wéi eng 11 Spiller fänken Ärer Meenung no de Match un?

Back to Top
CIM LOGO