
Dobäi ass et schonn um éischten Dag vun den US Open zu Iwwerraschunge komm. Virun allem am Hären-Eenzel si schonn eng sëllege Favoritten eliminéiert ginn. Esou huet den Dominic Thiem, deen d’US Open am Eenzel am Joer 2020 gewanne konnt, géint de Spuenier Pablo Carreno Busta a véier Sätz mat 5:7, 1:6, 7:5 an 3:6 de Kierzere gezunn.
Och fir de Griich Stefanos Tsitsipas ass d’Turnéier scho fréi eriwwer. Hie muss sech mat 0:6, 1:6, 6:3 a 5:7 géint de Kolumbianer Daniel Galán geschloe ginn.
De Schwäizer Stan Wawrinka, deen a sengem Match déi éischt zwee Sätz géint de Fransous Corentin Moutet verluer hat, huet kuerz virum drëtte Saz misse verletzungsbedéngt opginn. Dowéinst steet och hien net an der zweeter Ronn vun de US Open.
Den Daniil Medwedew an den Nick Kyrgios konnten hir Matcher iwwerdeems souverän gewannen a stinn domadder am zweeten Tour.
Am Dammen-Eenzel huet wuel d’Ukrainerin Darija Snihur fir déi gréissten Iwwerraschung gesuergt, andeem si d’Simona Halep an dräi Sätz mat 6:2, 0:6 a 6:4 rausgeworf huet. An engem Interview nom Match huet déi jonk Ukrainerin gesot, datt si dës Victoire hirem Land widme géif an datt si houfreg op déi Leit wier, déi si an hirem Liewen ënnerstëtzt hätten.
Fir d’Serena Williams ginn d’US Open iwwerdeems weider. Si konnt sech an hirem Match mat 6:3 a 6:3 géint d’Montenegrinerin Danka Kovinic duerchsetzen. Fir d’US-Amerikanerin ass et jo bekanntlech dee leschte Grand Slam an hirer Karriär.
Déi nächste Matcher am Hären- souwéi och am Dammen-Eenzel stinn en Dënschdeg um Programm.