An der däitscher Bundesliga bei den Damme wënnt d’Magalie Meynadier mat den XCYDE Angels mat 85:81 géint Heidelberg. D’Lëtzebuergerin stoung insgesamt iwwer 16 Minutten um Parquet. D’Angels stinn domat op der 4. Tabelleplaz vun der Bundesliga.