
Den Tiago Pereira Cardoso huet e Méindeg ee Profi-Kontrakt bei Borussia Mönchengladbach ënnerschriwwen. Dëst huet de Bundesligist op sengem Internetsite matgedeelt.
Den Ersatzgolkipp vun der Lëtzebuerger Nationalekipp ass 2022 vun der Escher Fola op Gladbach gewiesselt a war bis dato virun allem an den Jugendkategorien am Asaz.
Dat 18 Joer jonkt Nowuesstalent stoung awer schonn zweemol am Profi-Kader vun de “Fohlen” an huet och schonn ee Lännermatcher fir d’Rout Léiwe gespillt.