Europäesch Futtballer vum JoerTitele ginn un d'Pernille Harder an de Robert Lewandowski
En Donneschdeg goufen am Kader vun der Auslousung vun der Champions-League-Gruppephas och déi beschten europäesch Futtballer aus der Saison 19/20 geéiert.
Bei den Häre waren de Stiermer Robert Lewandowski an de Golkipper Manuel Neuer allebéid vu Bayern München an de Kevin De Bruyne vu Manchester City nominéiert. Um Enn ass d’Auszeechnung wéi erwaart un de Robert Lewandowski gaangen.
Bei den Damme waren d’Pernille Harder vum VfL Wolfsburg, d’Lucy Bronze vu Manchester City an d’Wendie Renard vun Olympique Lyon nominéiert. UEFA-Spillerin vum Joer gouf um Enn d’Dänin Pernille Harder.
Den Hans-Dieter Flick vum Champions-League-Gewënner Bayern München gëtt de beschte Trainer. © AFP
Als beschte Golkipper vum Joer gouf de Manuell Neuer vum FC Bayern München ausgezeechent. © AFP
De Joshua Kimmich vum FC Bayern München gouf zum beschte Defenseur gewielt. © AFP
Beschte Mëttelfeldspiller vun der Saison gëtt de Belsch Kevin De Bruyne, dee fir Manchester City spillt. © AFP
Nieft dem Titel vum Spiller vum Joer gouf de Robert Lewandowski vum FC Bayern München och zum Stiermer vun der Champions League Saison 2019/2020 gewielt. © AFP
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Den Didier Drogba gouf mam UEFA President’s Award ausgezeechent, well hien de Kanner a sengem Heemechtsland Elfenbeinküst gehollef huet an ënner anerem de Bau vu Schoule finanzéiert huet. Hien ass den éischten Net-Europäer, deen dëse Präis gewonnen huet.