
32 Ekippen hu sech fir d’Champions League 20/21 qualifizéiert. En Donneschdeg goufen déi 8 Gruppe fir d’Gruppephas ausgeloust. Den offizielle Spillplang gëtt e Freideg den Owend publizéiert. Den éischte Spilldag ass den 20./21. Oktober an den 8./9. Dezember ass dee leschten.
D’Finall gëtt den 29. Mee 2021 zu Istanbul am Atatürk Olympia Stadion gespillt.
Dëst Joer hat Bayern München d’Champions League gewonnen.
An der Gruppephas ass dëst Joer mam Gerson Rodrigues (Dynamo Kiew) och fir d’éischte Kéier ee Lëtzebuerger Nationalspiller. Donieft ass mam Miralem Pjanic (Barcelona) e weidere Spiller, deen Lëtzebuerger Nationalitéit huet, mat dobäi. Si spillen am Grupp G géinteneen.
Bayern München
Atlético Madrid
FC Red Bull Salzburg
Lokomotiv Moskau
Real Madrid
Shakhtar Donetsk
Internazionale Mailand
Borussia Mönchengladbach
FC Porto
Manchester City
Olympiacos Piräus
Olympique de Marseille
FC Liverpool
Ajax Amsterdam
Atalanta Bergamo
FC Midtjylland
Sevilla FC
Chelsea London
FC Krasnodar
Stade Rennes
Zenit St. Petersburg
Borussia Dortmund
Lazio Roum
Clubb Brugge
Juventus Turin
FC Barcelona
Dynamo Kiew
Ferencvárosi TC
Paris Saint Germain
Manchester United
RB Leipzig
Istanbul Basaksehir