
De Russ gouf e Méindeg de Moie fréi eiser Zäit vum Australier Nick Kyrgios eliminéiert, dat mat 7-6, 3-6, 6-3 a 6-2. Domat wäert de Medvedev och mat Sécherheet seng éischt Plaz an der Weltranglëscht verléieren.
Dofir a Fro kommen elo de Rafael Nadal, de Carlos Alcaraz oder de Casper Ruud, déi allen dräi nach an der Course sinn. De Kyrgios ass iwwerdeems fir d’éischt ënnert de 16 leschten zu New York.
Bei den Damme konnt sech d’Tunesierin Ons Jabeur géint d’Veronika Kudermetova an der Aachtelsfinall duerchsetzen an trëfft an der Véierelsfinall op d’Ajla Tomljanovic. Och d’Coco Gauff an d’Caroline Garcia wäerten et an der Véierelsfinall mateneen ze di kréien.
A weidere Matcher vun der Aachtelsfinall spillt e Méindeg d’Petra Kvitova géint d’Jessica Pegula, d’Victoria Azarenka géint d’Karolina Pliskova an an der Nuecht op en Dënschdeg d’Danielle Collins géint d’Aryna Sabalenka.
D’Nummer 1 vun der Welt Iga Swiatek kritt et e Méindeg um 19 Auer mëtteleuropäescher Zäit mat der däitscher Jule Niemeier ze dinn.