HandballTommy Wirtz an Adel Restoder wiesselen op Saarlouis
Den Nationalspiller Tommy Wirtz, deen aktuell nach an der 2. Bundesliga bei de Rimpar Wölfe ass, spillt nächst Saison nees zu Saarlouis.
Verëffentlecht: 16.04.21 10:34, Update: 04.12.25 11:02
Mam Escher Adel Rastoder wiesselt e weidere Lëtzebuerger op Saarlouis. Béid Spiller hunn e Kontrakt bis 2023 beim Drëttligist ënnerschriwwen.
Soumat sinn déi béid Spiller nom Gilles Thierry zweeten an drëtte Lëtzebuerger an der Ekipp vu Saarlouis.