Uewersauer TrailToni Veigas a Jil Gillen beschte Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
Gewonnen huet den Trail de Christophe Prémont. Mam Sébastien Carabin an dem Florian Descamps stinn zwee weider Belsch um Podium.
© RTL (Archiv)

Beim Uewersauer Trail 2025 goufen et am ganze 4 Strecken. Distanzen waren 10, 21, 33 an iwwer 57,6 Kilometer. Hei ass et fir de Gewënner vum leschte Joer, de Sébastien Carabin, just fir déi zweete Plaz duergaangen. Gewonnen huet den Trail de Belsch Christophe Prémont an enger Zäit vu 4 Stonnen, 23 Minutten an 39 Sekonnen.

Depart an Arrivée vum Trail war zu Heischent. De Parcours ronderëm de Stauséi iwwer Esch-Sauer, Léifreg bis Bauschelt an zeréck iwwer Ënsber a Lëlz hat et a sech. Knapp 2300 Héichtemeter hu missen op de 57,6 Kilometer iwwerwonne ginn.

Beschte Lëtzebuerger a domat neien nationale Cross-Meeschter gouf de Toni Veigas mat enger Zäit vu 05:11:15. Mat dëser Zäit war hien den 8 schnellsten. Bei den Dammen ass d’Jil Gillen* als éischte Lëtzebuergerin iwwert d’Zillinn gelaf, Si kënnt hannert dem Joanna Tallmann an dem Laura Van Vooren op déi 3. Plaz. Landesmeeschterin gëtt awer d’Susanne Loewen, déi als éischt bei engem Veräin lizenzéiert Lëtzebuergerin iwwert d’Arrivée gelaf ass.

Resultat Trail Uewersauer 2025

Back to Top
CIM LOGO