ÄishockeyTornado Lëtzebuerg a Beefort Knights mat Néierlagen

RTL Lëtzebuerg
De Weekend waren den Tornado Lëtzebuerg am franséische Championnat an d'Beefort Knights am belsche Championnat gefuerdert.

Den Tornado huet e Samschdeg zu La Roche sur Yon géint den Tabellenzweete an der 2. Divisioun a Frankräich mat 2:6 de Kierzere gezunn. Den Tornado fält no dëser Defaite op déi 5. Tabelleplaz zeréck.

Den nächste Samschdeg steet eng weider wäit Rees fir den Tornado um Programm, wou et géint den Tabellevéierten op Brest geet. Mat enger Victoire kéinten d’Lëtzebuerger sech e klenge Polster schafen, fir an der ieweschter Hallschent vun der Tabell ze bleiwen.

Och fir d’Beefort Knights gouf et de Weekend eng Néierlag. An der 1. Divisioun vum belsche Championnat huet een zu Antwerpen mat 3:9 de Kierzere gezunn. An der Tabell sinn d’Knights no 3 Matcher elo op der 6. Plaz. Weider Detailer zum Match fannt Dir um Site vun de Beefort Knights.

Den nächste Samschdeg geet et op Leuven.

Back to Top
CIM LOGO